Ee besseren City Bus fir Ettelbréck!

De City Bus fiert säit 1997 zu Ettelbréck. En gouf deemols mat der Erëffnung vun der Foussgängerzon agefouert a sollt dofir suergen, datt d’AwunnerInne vu Waarken souwéi vum Boeschel an aus der Cité Lopert méi einfach do kéinten hir Commissioune maachen. An deene leschten 20 Joer huet sech Ettelbréck enorm gewandelt an de City Bus huet dozou säin Déngscht bäigedroen. Fir seng Aufgaben an den nächsten 20 Joer awer och nach uerdentlech ze erfëllen brauch de City-Bus awer elo en däitlechen Update.

1. Upasse vum Horaire un den Zuchtraffic

Mir Pirate sinn der Meenung, datt di wichtegst Aufgab vum City Bus et an Zukunft muss sinn, d’AwunnerInnen mat Zäiten op hiren Zuch an d’Stad/op Dikrech/an d’Éisléck ze féieren. Wann dësen Trajet garantéiert ass, da wäert dat zur Folg hunn, datt manner EttelbréckerInnen hiren Auto huele wäerten fir just bis op d’Gare ze fueren, respektiv datt se iwwerhaapt mol dozou animéiert ginn den ëffentlechen Transport ze benotzen.

Wéi ee vun eise Memberen d’lescht Joer nokontrolléiert huet, ass iwwer d’Halschent vun de City Bus-Trajeten onbrauchbar fir een deen an d’Stad fuere wëll oder vun do zréckkënnt. Dëst muss sech sou séier et geet zum Bessere wandelen!

2. Méi Trajeten um Weekend an am Summer

Eis zweet Propose fir de City Bus zu Ettelbréck an Zukunft méi attraktiv ze maachen ass et fir en um Weekend méi oft, souwéi an de Summerméint méi laang fueren ze loossen. Dat géing sou ausgesinn, datt de City Bus Samschdes genau sou fiert ewéi ënnert der Woch a Sonndes esou wéi en aktuell Samsdes fiert, spréch am Stonnentakt.
Am Summer, also vun Ufank Mee bis Enn September soll de City Bus eise Virstellungen no seng lescht Fahrt net scho virun 7 soll hunn, mä réischt fir 9 Auer. Dëst géing et den EttelbréckerInnen erlaben déi méi waarm Temperaturen am Summer op enger Terrass an der Foussgängerzon och nach méi spéit owes ze genéissen, ouni mussen dofir op den Auto zréckgräifen ze mussen.

3. City Bus endlech gratis ubidden

D’Pirate sinn doriwwer eraus der Iwwerzeegung, datt den ëffentlechen Transport landeswäit komplett vun der Allgemengheet soll finanzéiert ginn, an net wéi bis elo just deelweis. Mir denken, datt wann een den ëffentlechen Transport benotze kann, ouni sech virdru mussen en Ticket ze kafen, dësen ëm ee Villfaches méi attraktiv mécht. Dëst gëllt natierlech och zu Ettelbréck.
Hei kënnt dann awer nach derbäi, datt déi allermeescht Leit souwisou fir näischt mam City Bus fueren. Sief et well se eng Schülerkaart hunn oder awer well se ganz einfach schwaarz matfueren. Schliisslech poche weder d’Buschauffeuren drop – ganz oft soen se souguer de Leit se kéinte fir näischt matfueren – nach gëtt wierklech kontrolléiert.

De City Bus ass a bleift wichteg fir d’Entwécklung vun Ettelbréck. En attraktiven ëffentlechen Transport hëlleft fir d’Stroossen méi a méi vun onnéidegen Autoen ze befreien. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt dës 3 Proposen hëllefe wäerten dëst Zil ze erreeschen.

2 Antworten auf „Ee besseren City Bus fir Ettelbréck!“

  1. Alles korrekt, awer wichtig mei speit mindestens bis 10 auer fuere loossen fir geschäfts welt an manifestatioune ob summer oder wanter an fir sports traininger oder matcher beisp weis gala .
    Ech sin och Bus chauffer an muss och fir alles do stoen

    1. Ech di mech schwéier direkt ze fuerderen, datt de City Bus vu ganz Moies fréi bis ganz Owes spéit fuere soll. Mä jo, am Prinzip ass et richteg, datt en dat misst maachen. Ech denken awer, datt een befir een dat mécht d’Leit ganz einfach no hire Besoine froe soll. A wann een da weess, datt beispillsweis Sonndes um halwer 8 nom Basket ganz vill Leit vun der Sportshal op Waarke wëllen, dann kann een do de City Bus och extra esou fuere loossen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.