D’Nordstad muss fusionéieren!

Säit dem Adrien Ries senger Ried zur Iddi „Nordstad“ sinn iwwer 40 Joer an d’Land gezunn, an esou richteg huet ee bis elo net d’Gefill krut, datt alles Méigleches gemaach gëtt fir déi Iddi dann och an d’Wierklechkeet ëmzesetzen. Den Auteur huet schonn 1973 d’Zukunft vun der Nordstad doranner gesinn, datt eenzel Gemenge matenaner fusionéieren. Senger Visioun no sollt dat bis d’Joer 2000 schonn de Fall gewiescht sinn. 2016 wësse mer awer, dat mer dovunner leider nach ee ganzt Stéck fort sinn. An trotzdem sollte mer eis alleguerten dofir engagéieren datt dës Fusioun léiwer haut ewéi muer stattfënnt.

Obwuel et d’Iddi vun der Nordstad also säit den Ufank 70er Jore gëtt, ass eréischt 2006 en éischte wierkleche Schratt an dës Richtung gaangen. D’Konventioun tëscht de 6 Gemenge Colmar-Bierg, Schieren, Ettelbréck, Ierpeldeng, Dikrech a Bettenduerf gouf ënnerschriwwen. Dëst nodeems sech am Joer 2001 „d’Denkfabrik Nordstad“ gegrënnt huet fir datt dëse Projet net fir ëmmer an den Tiräng leie bleift. Trotzdem ass säit dem nees net méi all ze vill geschitt.

Sou ass ee vun den Haaptproblemer vun der Nordstad de Verkéier. Keen Dag vergeet ouni datt et ee Stau op de Stroossen an de Gemenge gëtt, an dat onofhängeg dovunner, ob et Chantiere ginn oder net. An den zéng Joer säit dem offizielle Startschoss vun der Nordstad-Zesummenaarbecht huet een sech un zwee gemeinsam Projete gesat fir dësem Problem Meeschter ze ginn.

D’Gemenge kucke just no sech amplaz no den Interessie vun der ganzer Nordstad

Den éischten ass dee vum „e-movin“, ee Projet deen d’Elektromobilitéit fërdere soll. De Problem heibäi ass, datt net all Gemeng matmécht. Ierpeldeng refuséiert dee Projet ze ënnerstëtzen a Colmar-Bierg muss een ëmmer erëm dovunner iwwerzeegen derbäi ze bleiwen. Do dernieft ass de Projet och nach esou schlecht ëmgesat ginn, sou datt net wierklech vill Leit vun dëser Offer profitéieren oder souguer wëssen ewéi een iwwerhaapt dovunner profitéiere kéint.

Den zweete Projet ass dee vun engem gemeinsame Mobilitéitskonzept fir déi ganz Nordstad. Hei ass een sech no laangen Diskussiounen an Analysen Enn 2013 schlussendlech eens ginn – et sollt an noer Zukunft méi op de Bustransport gesat ginn – just haakt et dann elo un der Ëmsëtzung dovunner. Dat ass elo net onbedéngt alleng d’Schold vun de sechs Gemengen, schliisslech huet hei de Ministère och ee gehéieregt Wuert matzeschwätzen, et huet een awer och net d’Gefill, datt di sechs Gemengen Drock maachen.

Souwuel den e-movin ewéi d’Mobilitéitskonzept hätten an der Entstehung schonn dovunner profitéiert, wann een sech net hätt misse jeeweils op de klengste gemeinsamen Nenner tëscht de Gemenge verstännegen an duerno an der Ëmsetzung, wann et een Responsabele gëtt, amplaz der sechs. Och kann ee vill besser beim Ministère intervenéieren, wann dat ee Buergermeeschter/Buergermeeschtesch vun enger Gemeng vu 25.000 AwunnerInnen ewéi ëmmer mol nees 1 vu 6 vill méi klenge Gemengen.

En anert Beispill vun enger schlechter Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen ass déi nei Ackerbauschoul. Dës sollt vun Ettelbréck op Gilsdref plënneren, mä Dikrech huet dëse Projet sou laang blockéiert, datt iergendwann d’Regierung gemengt huet nach eng Kéier iwwert de Standuert missen nozedenken, wou dann direkt Ettelbréck ervirgeprescht ass mat enger eegener méiglecher Alternativ. Dat alles natierlech zu Ongonschte vun de SchülerInnen. Dëst Beispill weist ganz gutt wou et aktuell an der Nordstad hapert. D’Gemenge kucke just no sech an hiren Interessien amplaz no den Interessie vun der ganzer Nordstad an allen AwunnerInnen an et péckt een et mol net séier zesumme Kompromësser ze fannen, mä alles schleeft sech iwwer Joren hin.

72% vun de BiergerInne wollten 2005, datt een 2017 – also dëst Joer – ee gemeinsamen Nordstad-Buergermeeschter wiele kann

Lo sinn awer, wéi schonn ugemierkt, och net iwwerall d’Gemenge Schold wann eppes laang dauert. Sou waren se sech scho relativ fréizäiteg eens ginn, datt een um Friedhaff eng gemeinsam Gewerbezon ariichte wëll. Hei huet et sech wéinst dem Ministère nees méi laang higezunn, esou datt den ZANO eréischt 2017 a Betrib ka goen. 2012 hu Beobachter dozou gesot, datt dem Projet Nordstad „politisches Gewicht fehlt“. Dat wäert sech net doduercher änneren, wann e puer Buergermeeschteren aus der Nordstad an der Chamber setzen oder souguer President vun hire respektiver Partei ginn, mä nëmmen duerch eng Fusioun tëscht de Gemengen u sech. A wann et an engem éischte Schratt just Dikrech mat Bettenduerf an Ettelbréck mat Schiere wier. Mä et muss sech endlech eppes doen.

An de Punkt ass, d’AwunnerInne sinn, respektiv waren zu esou méigleche Gemengefusiounen ëmmer positiv agestallt. 1973 hat den Adrien Ries schonn eng Ëmfro duerchféiere gelooss, an obwuel zu dem Zäitpunkt di mannste Leit wosste wat d’Nordstad wier oder wéi eng Gemengen dann elo tatsächlech dozou gehéiere sollen, waren 72% dofir. 2005 huet d’Denkfabrik Nordstad och eng ähnlech Ëmfro gemaach, mat engem ähnleche Resultat. Deemools wollte 54% vun de Leit, datt een en Nordstad-Buergermeeschter 2011 wiele kéint, a souguer 72% datt een dat 2017, also bei de Gemengewalen d’nächst Joer maache kéint.

Lo mussen also just nach d’Gemengeresponsabel dat wierklech wëllen an net nëmmen no sech a sengem Poste kucken. Déi aktuell Gemengen- a Schäfferéit haten eiser Meenung no elo genuch Zäit fir ze weisen, datt se d’Nordstad an d’Wierklechkeet wëllen ëmsetzen, wat se net gemaach hunn. Zäit also fir ee Wiessel!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.