„Stadvisioun Ettelbréck 2030“ ouni relevant Bevëlkerungsgruppen an ouni Nordstad-Gedanken

E Mëttwoch sollen zu Ettelbréck d’Workshops an och direkt d’Presentatioun vun de jeeweilege Resultater am Kader vun der „Stadvisioun Ettelbréck 2030“ sinn. D’Pirate begréissen ausdrécklech d’Iddi vun dësen Diskussioune ronderëm d’Zukunft vun der Gemeng, kritiséieren awer d’Approche souwéi den Timing vun dëser Aktioun. „„Stadvisioun Ettelbréck 2030“ ouni relevant Bevëlkerungsgruppen an ouni Nordstad-Gedanken“ weiterlesen

Ee besseren City Bus fir Ettelbréck!

De City Bus fiert säit 1997 zu Ettelbréck. En gouf deemols mat der Erëffnung vun der Foussgängerzon agefouert a sollt dofir suergen, datt d’AwunnerInne vu Waarken souwéi vum Boeschel an aus der Cité Lopert méi einfach do kéinten hir Commissioune maachen. An deene leschten 20 Joer huet sech Ettelbréck enorm gewandelt an de City Bus huet dozou säin Déngscht bäigedroen. Fir seng Aufgaben an den nächsten 20 Joer awer och nach uerdentlech ze erfëllen brauch de City-Bus awer elo en däitlechen Update. „Ee besseren City Bus fir Ettelbréck!“ weiterlesen

Wëllkomm!

Häerzlech Wëllkomm op der Säit vun den Nordstad-Piraten!

Alles ronderëm eise Programm fir d’Gemengewalen 2017 wäerts Du ab wahrscheinlech Juli 2017 ënnert der Rubrik „Walprogramm“ fannen. Bis dohinner wäerte mir eis Virstellungen fir eng dynamesch a modern Nordstad no an no iwwer eenzel Blogposts an aner Publikatiounen matdeelen!

D’Nordstad muss fusionéieren!

Säit dem Adrien Ries senger Ried zur Iddi „Nordstad“ sinn iwwer 40 Joer an d’Land gezunn, an esou richteg huet ee bis elo net d’Gefill krut, datt alles Méigleches gemaach gëtt fir déi Iddi dann och an d’Wierklechkeet ëmzesetzen. Den Auteur huet schonn 1973 d’Zukunft vun der Nordstad doranner gesinn, datt eenzel Gemenge matenaner fusionéieren. Senger Visioun no sollt dat bis d’Joer 2000 schonn de Fall gewiescht sinn. 2016 wësse mer awer, dat mer dovunner leider nach ee ganzt Stéck fort sinn. An trotzdem sollte mer eis alleguerten dofir engagéieren datt dës Fusioun léiwer haut ewéi muer stattfënnt. „D’Nordstad muss fusionéieren!“ weiterlesen